top of page

D'Krautgaartler

All Woch versuergen mir 122 Stéit mat Geméis aus eise Gäert. Fir dës Erausfuerderung

ze meeschteren, ass eng divers Ekipp virun an hannert de Kulissen aktiv.

(Stand 03/2025)

Grëndungspartner

Jean-Marc_Parries.jpg
Jean-Marc Parries

Grëndungspartner Krautgaart

De Jean-Marc war vun 2015-2022 Grëndungs- a Betribspartner a huet sech an dene leschte Joeren ëm d'Betribsféierung an Entwécklung gekëmmert a seng Erfarungen a säi Wëssen z.B. a Virträg weiderginn.

 

Zesummen mam Max huet hien 2015 de Projet ze Käerch gegrënnt, kuerz dono ass de Claude dobäi komm. Zesummen hunn si de Krautgaart ze dem opgebaut, wat en haut ass. 

​

Kontakt Jean-Marc

​

 Krautgaart Alumnus
Menschen, déi Deel vun eisem Team waren. 

Eis hëllefend Hänn

Nieft eiser Ekipp, kënne mir op d'Ënnerstëtzung vun eis Famillen a Frënn zielen.

KG_Kayl.jpg
Viviane a Rol Petit

Verdeelung Kayl & Hëllef am Gaart

Si schmäissen d'Verdeelung zu Kayl mat grousser Freed. De Roll hëlleft Freides en plus bei der Rekolt an suergt dofir, dass d'Kaffispaus um 10 Auer agehale gëtt.

JMP-2007.jpg
Astrid Nickels

Ënnerstëtzung Verdeelung Käerch

D'Astrid ënnerstëtzt eis réigelméisseg op der Geméisverdeelung zu Käerch. Außerdeem brengt d'Astrid selwer gemeeten Tapas mat - fir d'Paus tëschenduerch. 

DSCF5254-2.JPG

Sophie D'Incau

Azubi 2021-24

D'Sophie huet vun September 2021 bis Juli 2024 seng Ausbildung bei eis am DT "entrepreneur maraîcher" gemeet. Elo gëtt d'Sophie säi Wëssen a Schoulkanner weider a wäert geschwënn zesumme mat de Kanner e Schoulgaart bewirtschaften -den d'Kantin a soumat déi ganz Primärschoul versuergt.

IMG_1600_edited.jpg

Michiel Van de Pavert

2021-22

De Michiel war 2021 fir zwou Wochen a 2022 fir dräi Méint bei eis am Gaart. Hien schréift eng Dokteraarbecht iwwer 'Soil Health' a huet fir seng Recherche bei eis matgeschafft.

JMP-9801.jpg

Annick Pütz

Azubi 2019 - 2020

D'Annick huet dat drëtt Joer vu senger Ausbildung zur Geméisgärtnerin am Krautgaart gemeet. Di éischt zwee Joer war hat zu Ansebuerg am Schlassgaart. 

JMP-1912.jpg

Jakob Söderberg

2021-23

De Jakob war eisen ingenéisen Handwierker. Hien huet vill geplangt, gebaut a gefléckt an ass passionéiert wann et drëms geet, al Materialien erëm ze benotzen. Ausserdem huet hien eis e ganz wichtegt Wuert op Schweedesch bäibruecht: "Fika" (Paus). De Jakob wollt von Ufank un eng begrenzt Zäit am Krautgaart schaffen an ass elo als Ingenieur bei der Cargolux ugestallt. Heiansdo kënnt en eis och am Gaart besichen.

JMP-9499.jpg

Antoine Debray

2020

Den Antoine huet während enger Saison eng intensiv Ausbildung bei eis gemeet, mam Zil, säin eegene Geméisbauprojet ze grënnen. 

DSCF4676.jpg

Guillaume Hain

2018 - 2020

De Guillaume huet während zwee Joer emol d'Woch fräiwëlleg matgeschafft, fir anschließend säin eegene Projet an der Bretagne unzefänken. 

"Eis Passioun ass et, déi lokal Gemeinschaft mat beschtem Geméis ze versuergen a virbildlech aner Initiativen zum Keimen ze inspiréieren."

Du bass interesséiert u solidarescher Landwirtschaft, lokalem Geméis, a nohaltegem Geméisbau? Iwwert eisen Newsletter bleifs du um Courant!

Mir freeën eis iwwer deng Aschreiwung beim Krautgaart Newsletter!

  • Instagram
  • Facebook

©2024 by Krautgaart
Impressum

bottom of page